Monthly Archives: März 2014
Swisscup Training Vol. 2
Dësen Samschden heescht et rëm Turnschlappen un an vill schweessen! Well den 22. Mäerz ass eisen 2. Swisscup Training. Mer treffen eis wei d’lescht Semester rëm um 14:00 Auer bei der Sportshal vun der Universitéit Pérolles II. Um Programm stinn rëm Fussball, Volleyball an Basketball. Dir braucht iech fir den Training net unzemellen!
Ideal wär et, wann jiddereen den sech fir den Swisscup ugemellt huet géingen kommen, fir dass een eng Kéier zesummen kéint trainéieren! Natierlech sinn déi aner och all wëllkomm! 🙂
Mir freeën eis ob en flotten an sportlechen Nomëtten!
Bounenschlupp @ Centre Fries
Den 18. Mäerz kacht den Comité am Centre Fries Bouneschlupp mat Mettwurscht an Kachkéisschmieren! En kulinarescht Erliefnis fir jiddereen!