Hei ass alles zesummegefaasst wat der fir den Swisscup wëssen musst:
- Den Swisscup ass dësen Samschden, den 5. Abrëll 2014
- Rendez-vous ass um 9h30 an der Sportshal vun der Universitéit Pérolles (Adress: Boulevard de Pérolles 95B)
- Den Tournoi start um 10h00
- Vestiairen, Duschen an Toiletten sinn um Rez-Chaussée, d’Sportshal as um 2. Stack
- Gespillt gëtt an folgender Reiefolleg: Fussball, Basketball an Volleyball
- Fussball an Basketball ginn no Zäit gespillt. Een Match dauert 10 Minutten. D’Finall dogéint dauert 2 x 6 Minutten mat 2 Minutten Halbzeit.
- Den Volleyball gëtt no Punkten gespillt. Een Match gett bis déi éischt Ekip op 17 Pts. ass. D’Final gëtt bis 25 Pts. gespillt, mat 2 Pts. Differenz
- Mëttespaus ass um 12h30 – 14h00. Déi, déi sech fir Mëttegiessen am Imprévu ugemellt hunn, kréien en Tri de Pâtes mat Carbonara-, Bolognes- an Pestosauce. D’Iessen kascht 15 Chf.- mat Zalot inclus
- Déi, déi wëllen, kennen Owes nom Tournoi mat an den Vapiano iessen goen. Do ass keng Umeldung néideg an et muss och jiddereen säin Iessen selwer bezuelen
- Déi, déi en Trikot bestallt hunn, kréien deen um Swisscup, dofir denkt drun är Suen matzebréngen! Den Trikot kascht 25 Chf.-
- Denk drun äert Gedrénks matzebréngen (wann een seng Fläsch vergësst, as och en Drénk-Lavabo bei den Sportssäl)
Voilà, dat misst alles sinn. Wann der eng Fro hutt déi net hei beäntwert ass, dann mëllt iech bei engem vum Comité. Mir sinn gär fir iech do!