- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
1. Swisscup Training
14/11/2015 @ 12:00 - 17:00
De Swisscup, sou krute mer duerch eise Spioun innerhalb vum Zürecher Comité matgedeelt, wärt an der éischter Halschent vun Abrëll stattfannen. Zäit nees fit ze ginn, fir dass mer eis Platze vum leschte Joer verteidegen a verbesseren!
Dofir treffe mir eis dëse Samschden um 14h00 an der Sportshal vun der Universitéit um Pérolles. Sidd w.e.g. schonn éischter do fir dass mer pünktlech ufänke kënnen! Duschen a Vestiairen stinn eis zur Verfügung.
De Programm gesäit folgendermoossen aus:
- 14h00: Fussball (1h)
- 15h00: Volleyball (1h)
- 16h00: Basketball (1h)
Ännerungen si méiglech, d’Zäite sinn op ongeféier geschat. Kommt zu vill, da gëtt et e flotten a sportlechen Nomëtteg!
(Keen Doodle fir dëst Event, Platze sin illimitéiert)