- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Assemblée Générale 2015/2016
28/09/2015 @ 19:00 - 22:00
D’Uni an d’Héichschoulen si rëm un an d’Studenten hänke rëm mat der Nues an de Bicher. Soumat geet och dem Friblëtz seng nei Saison un! Wéi all Joer fänke mir mat enger Assemblée Générale un. Dës fënnt Méindes, den 28. September um 19:00 Auer am Gebai PER21 vun der Universitéit statt (Adress: Bd de Pérolles 90). Rendez-Vous ass am Sall A230 um 2. Stack.
Op der AG loosse mir d’Joer 2014/2015 nach eemol revue passéieren a mir ginn iech e klengen Abléck wat iech dëst Joer erwaart. De neie Comité gëtt presentéiert a vun iech gewielt. Zum Schluss gëtt et nach den traditionellen Aperitif, währenddem der och är Memberskaart kënnt kafen.
D’AG ass eng gutt Geleeënheet fir eis nei Membere méi iwwert de Cercle gewuer ze ginn an nei Leit kennen ze leieren. Fir ass Senioren ass et ëmmer rëm flott déi aner Leit erëmzegesinn an eppes “klenges” ze drénken.
Fir eis d’Organisatioun méi einfach ze maachen, mellt iech w.e.g. um Doodle un a sot eis ob der un enger Memberskaart intresséiert sidd: Doodle – AG