- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Comité 2015/2016
31/08/2015 @ 08:00 - 20/09/2015 @ 00:00
/Léif Memberen,
Leider geet och déi schéinste Summervakanz eemol ob en Enn. Gläich ginn d’Kuere rëm ausgepaakt a mer hänke mat de Nuese rëm an de Bicher.
Mee dat neit Schouljoer bréngt och Guddes: nei Friblëtz-Aktivitéiten! Fir dass dëst Joer sou flott (oder nach besser) gëtt wéi dat lescht, brauche mir e neien a motivéierte Comité! Ab elo kënn der iech offiziell fir eng Platz am Comité 2015/2016 mellen. Déi definitiv Wiel vum Comité fënnt dann op der AG 2015/2016 (rechent viraussiichtlech mam 28. September) statt. Délai fir är Kandidatur ass den 20. September 2015.
Fir folgend Platze kënn der iech mellen:
- President
- Vize-President
- Sekretär
- Trésorier
- Kommunikatiounsmanager
- Eventmanager
- Eventmanager
Bei Interesse scheckt dem aktuelle Comité eng Email op comite@fribletz.lumat folgenden Informatiounen:
- Numm, Virnumm
- Studiejoer
- Studiegang
- Platz am Comité 2015/2016
- Emailadress oder Handynummer
All Joer ginn och eng Rei Cooptée gesicht déi dem Comité ënnert d’Äerm gräife wann et néideg ass. Natierlech kënn der iech och dofir mellen.
D’Copptée gi vum neie Comité erausgesicht a net op der AG vun de Membere gewielt. Als Coopté huet ee kee Stëmmrecht an der Comité-Versammlungen. Am Géigenzuch fir är Hëllef gi der awer an d’Comitétheik vun der ACEL ageschriwwen a kënnt soumat och gratis op d’Baler.