- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Friblëtz Beer Pong Tournoi déi III.
07/11/2015 @ 18:15 - 08/11/2015 @ 01:00
CHF.-6.De Weekend no Allerhellgen ass et esou wäit: déi 3. Editioun vum Friblëtz Beer Pong Tournoi fënnt statt! De 7. November kucke mer op d’Championen vum leschte Joer hiren Titel verteidegen kënnen oder op 2 nei Beer Pong-Titanen aus eise ville Memberen erfier ginn. Wéi all Joer ass den Tournoi erëm am Keller vum Centre Fries. Rendez-Vous ass um 18:30.
Gespillt gëtt erëm an 2-er Ekippen. Maximal kënne 16 Ekippe matspillen! Pro gespillte Match bezilt d’Ekipp 2 Béier an 1 Béier bezilt de Comité (1 Béier kascht 3.- CHF). Ass een an der Ekipp dee kee Béier drénkt, muss säi Co-Ekipier dëse Béier matdrénken. Alternativ zum Béier kann och mat Monaco gespillt ginn (selwechte Präis). D’Regele fann der hei: BeerpongRulesFribletz
De Spillplang kënnt e puer Deeg virum Tournoi eraus. D’Gewënner-Ekipp erwaard erëm e super Präis! Dëst Joer gëtt et och e klenge Präis fir d’Ekipp mat dem witzegsten Numm. Et heescht also kreativ sinn!
- Doodle – Friblëtz Beer Pong Tournoi (Mellt iech wéi follegt um Doodle un: Ekippenumm (Virnumm/Numm 1. Persoun ; Virnumm/Numm 2. Persoun) (Délai ass den 30. Oktober)
Well aller guten Dinge 3 sinn, huet de Comité sech fir dëst Joer nach en Extra iwwerluecht. Während dem Tournoi, vun 20:00 bis 21:30 Auer, gëtt et chinesescht Iessen! Dëst kréie mer zu engem Frëndschaftpräis vu 15.- CHF zu Verfügung gestallt.
Zur Auswiel steet:
- Poulet croustillant
- Poulet curry rouge
- Boeuf saté
- Canard Szechuan
Als Bäilag gëtt et Riz Nature oder Nouilles sautés aux légumes.
D’Iessen krit der a bezuelt der den Owend selwer beim Comptoir. Wann der chinesesch iesse wëllt, da mëllt iech zousätzlech op dësem Doodle un:
- Doodle – Beer Pong Chinesesch Iessen (–> Mellt iech hei w.e.g. EENZEL un! Délai och hei den 30. Oktober)
Zuschauer si wéi all Joer häerzlech wëllkomm an därfe sech natirlech och fir d’Iessen umellen!