- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Kleeschen
02/12/2016 @ 18:00 - 23:00
Lo ass et offiziell: De Kleeschen an den Houseker hunn och rëm dëst Joer zougesoot op eis Kleesechersfeier, den 2. Dezember ze kommen!
Vir eis Neulingen: déi erangescheckten Geschichten ginn vum Kleeschen an Houseker all Joer zësummer gefaasst an zu engem Gedicht emgeschriwen. Kennt een an enger Geschicht vir, rifft de Kleeschen e bei sech an dréit dëst Gedicht vir. Vir de Schock ze verdauen gëtt uschleissend e gudde Shot gedronk (e keng Angscht de Kleeschen ass e gudde Mensch diskret mat sensiblen Themen)!
De Kleeschen huet eis och matgedeelt, wei den Owend am Detail waert ooflaafen an wat em immens wichteg ass. Dofir hei de kompletten Oflaf mat den Wichtegsten Infos:
Wéini? | Whaaaaa…aaat leeft? |
18h00 – 19h30 | Geiles Vorglühen offréiert vum Comité am Café de la Presse (à jiddereen ass invitéiert) |
19h20 – 19h30 | Sëtzt Iech, et gëtt z’Iessen! |
19h30 – 21h00 | Iessen…! an zwar alles sos gëtt et kee Béier! |
21h00 – 21h30 | Paus, d.h. Zäit vir ze wichtelen, ze verdauen, en Digestif, eng ze dämpen an de Kleeschen mat Kleesecherslidder ze unzelackelen.
(à jiddereen ass invitéiert a kann bleiwen) |
21h30 – 22h00 | Seng Hëllegkeet de Kleeschen a säi Campagon, den Houseker, dem keng Rutt ze grouss ass, huelen sech ärer un. |
22h00 – 01h30 | Zitt de Rimm méi enk an ditt ären dueblen Caleçon un Motherfuckers, well den DJ f*cking VunDoheem wärt iech vir de Rescht vum Owend mat sengem testoteron-geluedenem Musék-Programm „Holy-Sexy-Blue-Xmas-Extravaganza“ kräfteg de Marsch blosen! |
- Mir Wichtelen och rem dëst Joer. Wann der wëllt matmaachen a räich beschenkt wëllt ginn, da kaft e klenge Kado vu max. 5.- CHF a bréngt dee mat vir ënnert de Beemchen. Gewichtelt gëtt nom Iessen.
- Dresscode ass Casual Chic, d.h. Jogging-Box, Hippie-Plover an den SM-Kostüm bleiwen doheem. Mir ginn Duschen, botzen d’Zänn an dinn eis anstänneg sexy-hexy un wann de Kleeschen kënnt, sos kënnt den Houséker mat senger langer Rutt…!
- D’Vorglühen ass vum Comité offréiert. Mir hunn eis net lappe gelooss an vir déi Geleeënheet lëtzebuerger Crémant vom Feinsten aus der Heemescht importéiert. Op d’Vorlgühen ass op vir jiddereen agelueden, och déi Net-Ugemellten solle net erdiischteren.
- Nom Iessen ass d’Soirée op vir jiddereen och vir déi, déi net op eiser krasser VIP-Doodle-Lëscht stinn. Denkt un d’Suen vir d’Iessen: 22.- CHF vir Kéisfondue an 28.- vir Fleeschfondue
Hei kënnt der Iech den Oflaf an d’Infos och als PDF-Dokument eroflueden: kleeschen_programm