- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Assemblée Générale Extraordinaire, Ofschlossfeier & Jacketten
13/05/2017 @ 18:00 - 23:30
Eist lescht Event ass an 3 Deeler gedeelt. Alles fënnt am Centre Fries statt:
- AG extraordianaire
- Friblëtz-Jacketten
- Ofschlossfeier
1. AG extraordinaire:
Heimat invitéiert de Friblëtz-Comité Iech häerzlech op seng Assemblée Générale extraordinaire, den 13. Mee 2017 um 18h00 am groussen Iesssall vum Centre Fries, Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg. Mir géingen eis freeën all eis Memberen op dësem, vir de Fortbestand vum Cercle wichtegen Event begréissen ze kënnen. Mellt Iech op dësem Doodle vir d’AG un. Wann der eréicht méi spéit op d’Ofschlossfeier kommt sot eis och iwer Doodle bescheet:
Doodle Link – Umeldung vir AG an/oder Ofschlossfeier
- Den Avis de convocation vir d’AG extraordinaire 2016/2017 fann der hei mat all den Informatiounen an den Detailer: Invitatioun AG2017
D’AG fënnt dëst Joer aus folgenden Grënn schonn am Mee an net wéi gewinnt am September statt :
- Den Iwergang vum alen op den neie Comité verleeft méif fléissend, wouoduerch sech de neie Comitémemberen d’Méiglechkeet bitt sech an un seng nei Aufgaben ze gewinnen.
- De neie Comité huet iwert d’Summerwakanz Zäit vir d’Joer 2017-2018 ouni Zäitdrock virzebereeden wouduerch während dem Schouljoer wichteg Zäit agespuert kann ginn, beispillsweis bei der sich no Sponsoren, dem virbereden vun de Memberskaarten oder beim Opsetzen vun enger neier Brochür/Homepage/Statuten, etc.
Wichteg ze wëssen ass :
- Den aale Comité bleiwt zësumme mam neie Comité responsable vir de gudden Oflaf vum ACEL-Studentebal den den 14 Juli 2017 stattfënnt.
- D’Memberskarte bleiwe gülteg bis zum éischten Event vum kommenden « Friblëtz-Joer 2017/2018 » wat viraussichtlech am September 2017 stattfënnt.
Ordre du Jour :
- Begréissung vum Président
- Aktivitéitsrapport mat Fotoshow
- Oppen Diskussiounen iwert d’Aktivitéiten
- Rapport financier vum Trésorier an de Keesereviseuren
- Ofstëmmung vir d’Modificatioun vum Art. 16., Chap IV (Artikel en annexe*)
- Demissioun an Décharge vum ale Comité
- Kandidatur a Wiel vum neie Comité an de neie Keesereviseuren
- Approbatioun a Schlusswuert vum neie President
Mat ofstëmme kann all aktive Member vum Friblëtz, d.h. den eng gülteg Memberkart vir d’Joer 2016/17 huet. Falls der net perséinlech dellhuele kënnt, hu der d’Méiglechkeet engem anere Member eng Procuratioun matzeginn, vir dass dësen an ärem Numm Wielen an Schwätzen dierf.
An de Comité kann sech mellen (och spontan op der AG), wen zu Fribourg studéiert an schon eemol Member am Friblëtz war, respektiv Erfahrung an engem Comité vun engem aaneren Studentecercle gesammelt huet.
2. Friblëtz-Jacketten:
No der AG verdeele mer nach d’Friblëtz-Jacketten! Mir bieden Iech dowéinst eis d’Suen am Viraus ze iwerweisen oder op d’AG matzebrengen. De Comité leed all Member 10 CHF bei 1 Jackett bei. wann der méi wéi eng Jackett bestallt hutt, muss de op der 2ter de volle Präis bezuelen.
- Präis vir 1 Jackett vir Memberen ass 25 Euro oder 27 CHF. Déi 2. Jackett kascht Iech dann 35 Euro oder 37 CHF.
- Präis vir net Memberen ass pro Jackett 35 Euro oder 37 CHF.
–> Wann der eis d’Suen iwerweist, macht dëst w.e.g iwert eisen BCEE-Kont:
IBAN: LU84 0019 4955 0759 3000 / Vermierk: Virnumm_Numm_Friblëtz-Jackett
3. Ofschlossfeier:
No der AG luede mer Iech nach häerzlech op eis Ofschlossfeier am Gaart vum Centre Fries an wou mer Grillen, ee gudde Patt zësummen drenken an d’Geleegenheet wëlle notzen zësummen en leschten flotten Owend firun den Examen an der Summervakanz ze verbrengen. Bei schlechtem Wieder fënnt d’Ofschlossfeier bannen am Fries statt. All Member sech ëmt säin eegent Iessen vir op de Grill këmmeren. Ëmt de Rescht këmmert sech de Comité!