- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Skiweekend
24/02/2017 - 26/02/2017
An dësem Dokument fann der déi lescht wichteg Detail (Départ zu Fribourg, RV vir Restaurant, etc.) vir eise Skiweekend zu Laax. W.e.g. lued Iech dëst all erof a liest et gudd duerch. Bei Froen, zeckt net dem Comité direkt ze schreiwen.
LAAX_Programm_Details
Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haptpunkten direkt hei drënner, fann dir ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och déi w.e.g. duerch.
Datum: 24-26 Februar 2017
Skigebiet: Laax
Hotel: Riders Palace
Käschten: Memberen: CHF 90
Doranner abegraff ass:
- Schlofen am 5-Bett Zëmmer (ouni Moiesiessen)
- Transport am Bus vun Fribourg op Laax
Wann dir den Samsten Owend mat an den Restaurant iesen goen wellt (genau Informatiounen zum Restaurant fannt dir weider ennen am Text) dann mellt iech w.e.g. um Doodle hei drenner un.
An dem selweschten Doodle misst dir dann och un gin ob dir ärt eegent Ski-/Snowboardmaterial mathuelt, fir dass mir Gepäck am Bus organiseieren kennen.
Fellt dofir w.e.g. den folgenden Doodle aus:
(Deadline ass den 31. Dezember 2016)
Genau Informatiounen:
Skigebiet:
Dës Saison geet et effektiv net méi op Grindelwald, mee wie schonn erwähnt op Laax. Dëst Skigebitt ass net nëmmen ee vun deenen greisten aus Graubünden mee huet sech och op di jonk Cientelle spezialiséiert. Soumat huet Laax fir all Mënsch eppes ze bidden, sief et fir Ski/Snowboardfuhrer awer selbstverständlech och fir Net-Skifuhrer. Mee iwwerzeegt iech am beschten selwer um Internetsite laax.com
(P.S. Och muss een hei keen Zuch méi huelen fir opt Pisten wei zu Grindelwald mee et ass een an 10min mat der Gondel um Bierg 😉
Hotel: Riders Palace Laax
Geschlof gëtt dëst Joer och net méi an enger traditioneller Jugendherberg mee am RidersPALACE. Dëst ass en neien Hotel speziell fir Jonker. Hei fënnt een zum Beispill am Keller vum Hotel eng vun den bekanntsten Diskoen aus den Alpen: Den Riders Palace Club.
Mee dat bescht ass, dass den Hotel quasi direkt un der Pist an bei der Gondel leit (+/- 200m)
Detailer:
-Alles 5-Bett Zëmmer
-WC/Dusch AM Zëmmer
-Föhn+Dicher+ Bettgedëcks ass alles do!
Transport:
Och fueren mer dëst Joer net méi mat privat Autoen dohinner mee mat engem groussen Bus. Dëst ass méi bequem an sou kann den Weekend schonn um 18h mat engem klengem Aperitif am Bus ufänken.
Mer brauchen och nach d’Informatioun vun den Participanten ob der ärt eegent Ski/Snowboardmaterial mathuelt, vir dass mer ongeféier wessen wei vill Platz mer am Bus fier’t Gepäck brauchen. Fellt och dofir den Doodle w.e.g aus.
Wichteg: Déi Léit dei net kennen Freides um 17h00 fortfueren mellt iech w.e.g. beim Comité.
(Déi Leit déi trotzdem mam eegenen Auto wëllen fueren kënnen dat gär maan, mee den Friblëtz iwwerhëlt dann net Käschten fir den Transport+Parking)
Programm:
- Freides 24.02.
-Depart 17-18h: Dëst hänkt dovun of weilang d’Leit insbesondere déi vun der PH, Cour hunn. Mir waarden op all Mënsch!
-Warm-up am Bus: Aperitif offréiert vum Friblëtz
-Arrivée zu Laax géint 21h jee no Trafic.
- Samsten : 25.02
-Owes : Gemeinsamen Aperitif offréiert vum Friblëtz an Iessen op enger Hütt (15min ze Fous vun Laax) http://www.larnags.ch/home.html. Wéi dei lescht Joeren proposeieren mir hei zesummen eng gudd Késifondue z’iesen (CHF 29,-). De Friblëtz leed awer jidderengem dee mat an de Resturant kënnt CHF 5 bei sain Iesse bai. D’Leit dei keng Fondue iesen oder éischter Loscht op eppes aneres hun, kennen och eppes aneres vun der Kaart wielen. Menukaart fannt dir um Site um Restaurant.
Nom iesen kennen mer den Owend un der Bar vum Restaurant, bei engem béier oder Glas Wain ausklengen loosen.
Mellt iech hei w.e.g. iwert den Doodle wann dir mat Samstes Owes iesen goen wellt.
- Sonndeg: 26.02
Depart géint 17h zu Laax
Präis:
Memberen. CHF 90.-
An dësem Preis ass den Hotel (ouni Kaffi) an den Transport am Bus op Laax abegraff. Wann der wëllt am Hotel Kaffi drénken ass dat keen Problem, dat muss der dann just selwer op der Platz bezuelen (CHF 15).
Et ass obligatoresch fir dëst Event eng Memberskaart vum Friblëtz ze hun. Net Memberen sinn häerzlech wëllkomm an kënnen sech gären am Doodle aschreiwen mee mussen sech dann just eng Semestermemberskaart(CHF 15.-) huelen.
Zudem welle mir Iech informéieren, dass de Weekend muss bezuelt sin, éiert der Iech vir en Zemmer am Januar unmellen kennt. Fir’t Bank Coordonnéen mellt iech beim COmité oder kuckt d’E-Mail dei mir Iech gescheckt hunn.
Umeldung a Stornogebühren:
Nom Delai ass et net méi méiglech sech ofzemellen. Wann der duerno awer net wëllt mat goen gëtt eng Ofmeldung nëmme mat engem serieuxen Grond ugeholl. Anerefalls muss der ee fannen den an ärer Platz matgeet oder dir musst d‘Stornogebühren selwer bezuelen.