- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Skiweekend… Gstaad oder Grindelwald?
02/10/2014 @ 08:00 - 05/10/2014 @ 08:00
Léiw Memberen,
De neie Comité huet sech gëschter eng 1. Kéier zesumme gesat (de Rapport kënnt nach no). Dobäi ass e Problem opgetrueden: mir kënnen eis net decidéiere wou mer eisen alljährleche Skiweekend solle verbréngen, well se gläich gut sin!
Dofir froe mir lo iech, eis geschätzte Memberen, dass der eis hëlleft an um Doodle ofstëmmt: Doodle – Grindelwald/Gstaad
Den Delais vir d’Ofstëmmung ass den 5. Oktober 2014 um 8:00 Auer!
Zur Auswiel sti Grindelwald oder Gstaad. Hei sinn d’Fakten zu den 2 Schigebitter:
- Zu Gstaad, wei och zu Grindelwald ginn et 90 CHF.- op de Kapp vir d’Schlofen an d’Moiesiessen an der Jugendherberg.
- D’Jugendherberg ass zu Grindelwald éischter am traditionelle Schwäizer Chalet-Stil, zu Gstaad éischter modern.
- Skipass a Material kaschten op deenen 2 Platzen ongeféier d’selwecht vill.
- Zu Gstaad ass den Niveau vun de Pisten am Duerchschnëtt méi nidrech wei zu Grindelwald
- Op deenen 2 Platze ginn et Méiglechkeeten Owes nach eraus ze goen (Gstaad: Chlösterli / Grindelwald: Spinne)
- Zu Gstaad brauche mer 10 Minutte bis op d’Gare wou mer dann de Bus mussen huelen, deen dann 10 Minutte brauch vir bei d’Skiliften. Zu Grindelwald brauche mer och 10 Minutte bis op d’Gare, wou mer dann direkt den Zuch kréie bis op Pisten, deen awer dann an 15 Minutten um Bierg ass
Vir dass der iech dat ganz iwwerleeë kënnt sinn hei d’Linke vun de Jugendherbergen a Schigebitter:
Weider an nach mei detailléiert Informatiounen zu den 2 Skigebitter fann der hei: