- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Skiweekend zu Grindelwald
26/02/2016 @ 17:00 - 28/02/2016 @ 17:00
Informatiounen zum Oflaaf – Skiweekend Grindelwald
Départ (17:00):
Rendez-Vous vir den Départ op Grindelwald ass de Freiden, de 26. Februar um 17:00 Auer um Parking beim Irish (Grand-Places 12, 1700 Fribourg). Sidd w.e.g. all PÜNKTLECH do vir dass mer mat Zäit fortkommen! Hei ginn d’Leit op déi verschidden Autoen a Camionnetten opgedeelt an d’Gepäck agelueden. Déi, déi nach net bezuelt hunn, mussen d’Suen (89 CHF) matbréngen! W.e.g. kommt nëmme mat deenen Autoen déi ugemellt sinn! All Auto den do ass, mee net ugemellt, kritt de Benzin a Parking NET bezuelt!
Arrivée zu Grindelwald (ongef. 19:15):
Treffpunkt vir JIDDEREEN zu Grindelwald ass um Parking „Grindelwald Grund“ (Parking bei der Gondel „Männlichen“: Grundstrasse 54, 3818 Grindelwald). Hei ginn d’Autoen stoe gelooss, sos gëtt et Chaos bei der Jugendherberg. Mat de Camionnetten brénge mer iech an äert Gepäck vun hei aus erop bei den Hostel
Youthhostel Grindelwald:
Am Hostel deelen mer eis op d’Zëmmeren op (wéi ugemellt). D’Schlësselen kritt der vun engem Comitésmember. Skimaterial kann am Skikeller vum Hostel verstaut ginn. D’Moiesiessen ass am Präis abegraff.
Donnéeën vum Hostel: Website: youthhostel.ch/grindelwald
Email: grindelwald@youthhostel.ch
Tel.: +41 33 853 10 09
Iessen 1. Owend:
Wann mer ukommen, wäerten déi meescht gutt hongereg sinn. Mir kréien am Hostel Owes neicht ziessen. Jiddereen muss sech selwer dorëms këmmeren. Wann der an e Restaurant gitt, dann denkt drun mat Zäiten ze reservéieren.
Schlittfueren an Iessen 2. Owend:
D’Schlitten vir den 2. Owend si scho reservéiert. Bréngt d’Suen (ronn 13 CHF/Schlitt) w.e.g. op den Treffpunkt mat. Rendez-Vous ass um 17:00 beim Intersport „Graf“ (Dorfstrasse 95, 3818 Grindelwald) wou der är Schlitte kritt. De Restaurant ass vir 19:00 reservéiert, dir kënnt awer och schonn bëssen éischter dohinner goen.
Déi, déi net mat Kéisfondue iesse ginn mussen sech selwer ëmmt d’Iessen këmmeren. Denkt drun mat Zäiten e Restaurant ze reservéieren oder en Owesiessen beim Hostel unzefroen.
Retour op Fribourg (17:00):
Mir musse spéitstens um 10:00 am Hostel aus-checken. Organiséiert iech entspriechend a w.e.g. huelt alles aus dem Zëmmer eraus a maacht alles propper. Vir de Retour op Fribourg treffe mer eis alleguerten um 17:00 um Parking „Grindelwald Grund“. Denkt drun mat Zäit vum Bierg ze kommen. Mir verdeelen eis hei erëm op d’Autoen an d’Camionnetten.
Weideres:
- Jiddereen muss vir säin eegent Skimaterial an Skipass suergen, de Comité iwerhëllt keng Responsabilitéit. Am Duerf ginn et eng ganz Rei Buttéker, wou der Material kënnt léinen. Skipäss kritt der op der Gare an bei den Skilifter.
- D’Suen vum Parking an Benzin kritt der an den Deg no Grindelwald vum Comité erëm.
- Schneetelefon wann eppes op de Piste geschitt: +41 (0)33 828 77 11
- Bei Froen zum Oflaaf oder bei Problemer kënn der iech gär bei engem Comitésmember mellen.
- Infoen zu de Pisten an dem Wieder fann der op http://grindelwald.ch/de.
- De Comité keeft Gedrénks an vir mat. Dir kënnt beim Responsablen Comitésmember Gedrénks zu engem ganz gudde Präis kafen.