- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Swisscup
01/04/2017
Den 1. Abrëll as et erëm esou wäit! Um Swisscup moosse mer eis géint den LSZ an den AELL an de Disciplinnen: Fussball, Volleyball, Basketball an Fraen-Unihockey (falls genuch Leit). Ab elo kënn der Iech vir déi verschidde Sportarten umellen. Délais ass den 27. Mäerz um 08h00:
Doodle – Swisscup (Ekippen)
WICHTEG: WANN DER MATSPILLT AN NACH KEEN SWISSCUP-TRIKOT HUTT MUSS DER IECH DEN ESOU SEIER EWEI MEIGLECH IWERT EISE FRISHOP BESTELLEN:
LINK FRISHOP
RECHENT MAT 7 DEEG VIR D’LIWERUNG. DE COMITE WÄRT HEI NATIIRLECH BÄILEEN!
Vir d’Mëttesiessen ass geplangt an der Hal z’iessen. Et gëtt Spaghetti Bolognes oder als Alternativ Spaghetti mat Tomaten-Sauce (Veggi). Dobäi kritt der eng Zalot. Vir Kéiss an Broud ass och gesuegt! Präislech kascht iech d’Spaghetti Bolognes 9,5 CHF an d’Spaghetti Veggi 8 CHF.
Vir d’Owesiessen gi mer dann all zësummen an d’Brasserie du Commerce iessen. Déi ass nëmmen e puer Meter vum der Hal eweg. Well mer zu vill sinn, gëtt et eng verklengert Kart. Déi genau Kart kënnt no, esou bal mer eng genau Zuel u Leit hunn déi matginn. Et wäerten awer vun allem dabäi sinn: 1-2 Veggi-Platen, Burger, Kéis-Fondue, Schnitzel…
Vir dass mer d’Mëttes- an Owesiessen kënnen ze organiséieren biede mer Iech, Iech esou SEIER WEI MEIGLECH op dësem Doodle unezmellen:
Doodle – Mëttes- an Owesiessen um Swisscup
Hei schonn schonn eng éischt Iwwer iwwer den Oflaf vum Swisscup:
- Start um 09h00 (provisoresch) an der Sportshal vum Collège Ste-Croix zu Fribourg
- Mëttesiessen an der Hal (Wahrscheinlech ginn et Spaghetti mat Sauce Bolognes oder alterativ mat Veggi-Sauce, mat enger Zalot als Bäilag)
- Buvette steet eis zur fräier Verfügung. Hei kënn der Gedrénks a Snacks consomméieren
- Owes iesse mer all zësummen an der Brasserie du Commerce
- Website vun der Brasserie Du Commerce