- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Swisscup zu Zürech
09/04/2016
Eis 2 Trainingen sinn absolvéiert an de Swisscup zu Zürech kënnt ëmmer méi no.
Hei fann der de genaue Programm vir de ganzen Dag an Informatiounen zum Parking: Swisscup
Vir den Transport an eng Schlofplatz muss erëm jiddereen vir sech kucken. Wann der keen zu Zürech kënnt vir do ze Schlofen, mellt iech w.e.g. beim Comité per Email (comite@fribletz.lu). Mir leeden dat dann un d’Zürecher Kollegen weider.
Vir dass eise Sportsminister d’Ekippe kann maachen, biede mer iech, iech spéitstens bis Méindes de 4. Abrëll hei um Doodle an déi Sportart anzedroen an där der den Titel vir de Friblëtz wëllt siche goen! Dir kënnt iech natirlech a méi wéi 1 Sportart androen (d’Meedecher kënnen sech natirlech vir all Sportart umellen. Hockey ass nëmme vir d’Meedecher reservéiert). Wann der Zuschauer sidd a Mëttes mat iessen gid, klick dës Optioun w.e.g. um Doodle un!
WICHTEG VIR EIS ERSTIS AN SWISSCUP-ROOKIES:
Wann der nach net um Swisscup matgespillt hutt, dann muss der iech nach en Friblëtz-Trickot iwwert eisen Fri-Shop bestellen. Wichteg ass, dass der den an roud huelt!
Wann der nach net um Swisscup matgespillt hutt, dann muss der iech nach en Friblëtz-Trickot iwwert eisen Fri-Shop bestellen. Wichteg ass, dass der den an roud huelt!
Mir wëllen natirlech och eis Net-Sportler häerzlech dazou alueden mat op Zürech ze kommen vir eis Sportler ze ënnerstëtzen. Bis elo waren mer nach all Joer gutt resprentéiert vir Kaméidi ze maachen an dëst Joer hoffentlech och!