Oktober 2018
Alpabzug zu Albeuve
Mer gin zesummen moies op Albeuve fier den Alpabzug zesummen ze erliewen. Dofier treffe mer eis em 08h15 beim Irish, an da fuere mer zesummen op Albeuve fier den Alpabzug. Mellt iech w.e.g. hei un, an ob der en Auto hudd, mer organiseieren d'Autoen dann esou, dass et am beschten opgeet. All Autosfuerer kritt vun eis 10CHF fier den Trajet bezuelt! https://doodle.com/poll/8kp628fkxf853evz
Mehr erfahren »Friblëtz Daf
Verhaalt iech den 13ten Oktober, well do ass d'Daf fier eis Bleuen an anschliessend Party. Dir kennt iech ed als eng Rallye duerch Staat virstellen, mat witzegen Spillercher. Loosst iech einfach iwwerraschen! Dir braucht op jiddefall net ze fäerten. Dir gitt zu näischt gezwongen. Also zéckt net an léiert wärend engem flotten Nomëtten och aner nei Leit kennen, déi dëst Joer op Fribourg komm sinn. Et start um 14:00 Auer. Zuschauer sinn och wëllkomm. Hei ass d'Umellung fir d'Bleuen, déi d'Daf matmaan. W.e.g. gitt och un, wann der keen Alkohol drénkt…
Mehr erfahren »Friblëtz goes Gotteron
Mer gin Denstes den 16ten den Match vu Fribourg Gotteron geint den EHC Biel an d'Hal zesummen kucken. Den Ticket fier Net-Memberen kascht 19CHF, Memberen hänkt de Prais vun der Unzuel u Leit oof, mee kascht secher manner wei 10CHF!!! Mellt iech w.e.g. hei hun bis den 8ten em 12h00 speitstens: https://doodle.com/poll/6smxkmywkpzshw9p
Mehr erfahren »La Maison du Gruyère – Schaukäserei – Iessen
Den 27. Oktober fueren mir an d'Maison du Gruyère, wou mir zesummen d'Schaukäserei besichtegen an dueno zesummen gudd iessen. Vun Fribourg aus lass, geet ed um 9.45 Auer, dofir sidd schon virdrun (9:35 Auer) op der Grand-Places. Mir wieren frou, wann dei Persounen wou mad hierem Auto kennen fueren, dest am Doodle uginn, fir dass mir eis opdeelen kennen. Den Fuerer kritt 10 CHF fir den Transport (hin an zréck). Ukomm an der "La Maison du Gruyère" (Place de la…
Mehr erfahren »November 2018
LXB Night am Mythic Club
LXB Night am Mythic Grouss Trash Pop a Beerpong Party am Mythic Club zu Fribourg. D'Entree ass fir eis Memberen gratis!! Mat also w.e.g. vill Reklamm, fir dass mer d'Bude voll kreien. Hei am Facebook Event sin all dei neideg Informatiounen: https://www.facebook.com/events/256372148359959/ Dei 3 Beerpong Descher sin dann och eng gudd Übung fier eist Turnéier, wat e besse mei wei eng Woch dono ass!
Mehr erfahren »Beerpong HS 2018
Wei all Semester ass och des Kéier erem eist Beerpong Turnéier den 17ten November am Pavillon Vert ab 17h. Weieng nei oder aal Nimm kennen sech dest Joer hei an eis Hall Of Fame androen an den Pokal mathuelen. Umellen w.e.g. an Teams vun 2 iwwert desen Doodle bis den 13ten November em 12h. Memberen bezuelen 10 CHF, Net-Memberen 15CHF. https://doodle.com/poll/57irc56sftfcesqb?fbclid=IwAR3yb_YobnvnBZoHSAxXR5QMc2ePhHRxi2EFJux43nPTsH6SQAMETykkgEs
Mehr erfahren »Kleeschen
No enger gudder Fleeschfondue am Café de la Presse kennt den Kleeschen eis besichen an dann feieren mer an d'Nuet eran. Dat ganzt ass Owes, den 30ten November. Mer treffen eis ab 18h am Cafe de la Presse fir en Apero an dann geint 19h gett et entweder Fleeschfondue (30CHF) oder Kéisfondue (22CHF). Hei kennt der iech fier d'Iessen umellen: https://doodle.com/poll/3exvb9ztkp6eb24q?fbclid=IwAR2-A5xjwngKFVE92YSXJ0fn3WYcDYfvxlGo9bqqs6X1OwzUYo8j3H_uM6U Dann nom Iessen kennt den Kleeschen eis besichen. Fir dass heen eppes ze zielen wees, scheckt w.e.g. all…
Mehr erfahren »Dezember 2018
Stammdësch zu Montreux
Mer fueren Donneschtes Owes fier eisen Stammdësch op Montreux op de groussen Chreschtmaart. Dofir treffen mer eis em 18h30 beim Irish m Parking an fueren dann all zesummen op Montreux. Hei kennt der iech umellen: https://doodle.com/poll/b2cydxueapenm5yk?fbclid=IwAR3OsCAlOIG0MaKJcl1JyarhC9mWhd4wmnGqR9_EjPQDfHoGY_4H8nBNUm0 All Autosfuerer kritt 15CHF fir den Trajet.
Mehr erfahren »Februar 2019
Ski-Weekend zu Gstaad
Natierlech gi mer um Ufank vum neien Semester nach e Weekend all zesummen Ski fueren. Vum 22ten bis 24ten fuere mer zesummen op Gstaad Umellung w.e.g. iwwert desen Doodle: Umellung SkiWeekend Deadline fier unzemellen ass den 10ten Dezember. Wann der iech no dësem Délai oofmellt, musst der d'Halschent (35 CHF) als Storneierungsgebühr bezuelen! Détailer zu eisem Ski-Weekend: Den Präis 70CHF pro Persoun inclus ass Iwwernuechtung, Moies- an Owesiessen, den Transport hin an zreck vu Fribourg op Gstaad an…
Mehr erfahren »März 2019
Gottéronschlucht Wanderen
Wann d'Wieder matspillt, gi mer desen Sonnden nach engkeier ee vun nde schéinsten Treppelwëer vu Fribourg, esou kennt der Nomettes e bessen iech vum Leieren ooflenken loosen. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Frisbeegolf um La Berra
Mer gin op ee vun de schéinste Bierger vum Kanton fir di schéin Vue vun der Spëtzt ze genéissen. Net nëmmen dat, mer probeieren uewen um Bierg och, eist Talent am Frisbeegolf ze bewéisen Détailer kommen no...
Mehr erfahren »April 2019
Pubrallye
Der deelt iech an Gruppen an an dann gidd der an verschidden Caféen fir Spiller, ennerwee musst der och nach Froen beäntweren. Ass also en flotten Dag, fir d'Staad kennen ze leieren an an ville verschiddene Cafféen een ze drénken. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Beerpong Volume 2
Wei all Semester. Am Pavillon Vert geet et erem drems, den beschten Beerpongspiller ze fannen. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Bowlingturnéier
No der Ouschtervakanz maachen mer Sonndes en lockert Bowlingturnéier am FriBowling um StPierre. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Mai 2019
Kniddelen an Pubquiz um Stammdësch
Op dësem Stammdësch kachen mer fir iech all Kniddelen an dono gett et dann en Pubquiz op der Telé vun der Presse, bréngt also e gudden Appetit an äert Allgemengwëssen mat 🙂 Détailer kommen no
Mehr erfahren »Assenblée Générale an Oofschlossiessen
Et ass schon erem un der Zait, dem aalen Comité Eddi ze soen an en néien Comité ze wielen. Dono gi mer dann zesummen eppes iessen an genéissen nach en Owend zesummen virun den Examen Détailer kommen no...
Mehr erfahren »September 2019
Eischten Stammdësch
Mer lueden iech alleguerten häerzlech op eisen éichten Stammdësch an, den 1ten Donneschden vum Semester (19ten September) am Café de la Presse Fribourg. Ab 20h kennt der kommen, dat ass eng gudd Geleeënheet fir iech, jidfereen hei zu Fribourg kennen ze léieren an een zesummen ze drénken. Em 21h begréissen mer iech als Comité an spendéieren iech eng Tournée.
Mehr erfahren »Opening Event
SEMESTERUFAANK! Dës Woch geet et lass mam néien Semester! Dat heescht och fir éis, dass mer mat eisem Programm vum Joer starten. Nodeems mer eis um Stammdësch en Donneschten scho kennen leieren, ass en Samschden den 21ten eist Opening Event, wou mer dei nei suwuel dei aal zu Fribourg begréissen. Hei ass den Programm: 16h: Treff op der Uni Misericorde. Begréissung vum Comité, Virstellen vun den Events, Fotoshow vum leschten Joer an gratis Apero! 18h: Mer gin an den Les…
Mehr erfahren »All You Can Drink House Party
Zesummen mat Teutonia inviteiert den Friblëtz op dei gréissten Hausparty zu Fribourg! Specials: - Bierpong ohne Ende - Gratis Polaroid Camera Fotos - Longsdrinks - Flunkyball - Late night Mario Kart Turnier - Snacks - Dancefloor - ....
Mehr erfahren »Oktober 2019
Frisbeegolf
Léiw Membren, Den 5. Oktober wellen mir Frisbeegolf op den Berra spillen goen. Mir wärten geint 1 Auer mettes fueren, an dann mat der Gondel ropfueren, wou mir dann Frisbeegolf spillen wärten. Dono spazeiren mir gemütlech rem roof. D'Gondel kascht 10 fr.(Studentenpräis), an den Golf kascht 7 fr. Mellt ierch wann dir wellt matkommen hei am Doodle un, an gitt och un wann dir en Auto hut. Benzinskäschten ginn vum Comité iwerholl. https://doodle.com/poll/39vbhh3a5um3iw8h?fbclid=IwAR0xE-I6sCKHRW9X2ku-uQOqgFpf_2-xwftNCA-tVST51wDBIlPoVeyOKfo
Mehr erfahren »