September 2017
Friblëtz Opening Soiree
Leiw Memberen, Mer begréissen mat dësem Event all Mënsch ganz häerzlech zu Fribourg - souwuel déi nei wei och all déi, déi d'Stad an de Cercle schon kennen. Ab 18:00 Auer Samschdes, den 23ten September, sidd der all häerzlech wëllkomm am Pavillon Vert vun der Uni Fribourg fir e klengen Patt ze drénken. Em hallwer 8 gitt der dann alleguerten vum Comité begréisst, der kritt e klengen Ausbléck ob eis Events vum Semester an natierlech all déi wichtegst Informatiounen iwwert eisen Cercle an iwwert d'Stad Fribourg. Mer këmmeren eis em e bëssen Geknabbers…
Mehr erfahren »Oktober 2017
Fribourg Goes Gottéron
Hei umellen w.e.g. De Match ass den 3ten Oktober, mer treffen eis ab 18h bei der Haal um St.Leonard fier en Apero an gin dann zesummen de Match kucken. w.e.g. SPEITSTENS em 18h30 do sin, em 18h45 gin d'Dieren op an well mer e grousse Grupp sin, welle mer su schnell et geet erangoen. Den Ticket kascht fier Memberen 15CHF a fier net-Memberen 19CHF https://beta.doodle.com/poll/249id8yvymcngnph Deadline ass den 29ten September em 12 Auer!
Mehr erfahren »Friblëtz Bowlingturnéier
Léiw Memberen, Eist Bowlingsturneier ass erem um Program dest Semester. Daat ganzt fennt statt den 8ten Oktober em 19h am FriBowling. Umellen kennt der ierch bis e Freiden em 18h iwwert desen Link: https://doodle.com/poll/zf34qytpbtbi2azm Den Owend kascht ierch 10CHF pro Persoun, doranner abegraff sin all d'Matcher, dei der de ganzen Owend spillt. Am Turneier spillt all Mensch mindestens 3 Partien. Mer frëeen eis drop ierch alleguerten do ze begreissen an e lockert Turneier kennen ze hun.
Mehr erfahren »Daf
Léif Memberen, den 14. Oktober 2017 um 14:00 Auer ass et esou wäit: eis alljäerlech Daf fënnt dann statt. Dat ganzt wäert fir eis Bleuen op der Wiss virum Irish (Grand-Places 12) um 14:00 Auer starten. Dëst ass eisen Startpunkt vum klengen Parcours duerch Fribourg. Am Verlaf vum Dag wäerten verschidden Aktivitéiten an Spiller stattfannen an Owes ginn mir an den Le Monche fir z'iessen an ze feieren. An den Le Monche dierfen souwuel Bleuen wei och Zuschauer oder Memberen iessen an feieren kommen. Um Menü steet zur Auswiel Lasagne oder Spaghetti à l'ail.…
Mehr erfahren »Kniddelen um Stammdesch
Mir verbannen eise Stammdësch mat enger gudder Kniddelfriess! Vun 19h30 un kacht de Comité iech Kniddelen mat Speck an enger Rahmsauce (ouni Speck kann och zerveiert gin) am Café de la Presse. Den Teller kascht iech 5.- CHF vir Memberen an 10.- vir Net-Memberen. Dono loosen mer dann den Owend mat eisen traditionellen Stammdësch auskléngen. Mellt iech w.e.g. och op Doodle vir de Kniddelowend un, vir dass mer kënnen d’Quantitéiten aschätzen an genuch Plaazen reserveieren! https://beta.doodle.com/poll/siswphtzgr6wckd8 Kommt lanscht a genéisst…
Mehr erfahren »November 2017
Beerpong Turneier
Den 4ten November ass et erëm esou wait, dat grousst Beerpong Turnéier vum Friblëtz fënnt am Centre Fries statt. Wëlls du dech an d'Hall Of Fame androen vun den Gewënner vum Beerpong Turnéier? Wann jo, dann lies weider an du gesäis all d'Informatiounen fir d'Turnéier vun dësem Joer. D'Turnéier start den 4ten November em 16h am Centre Fries (Rue Guillaume-Techtermann 8) an gespillt gëtt an Ekippen vun 2. 10CHF pro Persoun ginn fir d'Turnéier gefrot, doranner abegraff ass all Gedrénks, wat fir d'Turnéier benotzt gëtt. All Ekipp spillt…
Mehr erfahren »Pubcrawl zu Fribourg
Den 24. November organiséiert den Friblëtz en Pubcrawl duerch Fribourg, wou mir an insgesamt 7 verschidden Caféen gin. Dat ganzt fänkt um 20.30h un a wäert bis 03.00h goen. Treffpunkt ass géint 20.30h am éischte Café (Cyclo Boulevard de Perolles, 91), wou mir dann all zesummen den éischte Béier zesumme genéissen. Pro Café sinn +- 45min agerechent an Ënnerwee, vun engem an deen anere Café, verdeelt de Comité 2 Zorte vu Shots. Een dovunner ass de bekannte „Swiss Kiss“, deen…
Mehr erfahren »Dezember 2017
Kleeschen an Fleeschfondue
Léif Memberen, Mer kruten eng gudd Nooriicht: de Kleeschen an den Houseker kommen eis och dëst Joer rëm op Fribourg besichen an hun eis hir E-Mail Address matgedeelt!! dekleeschen@outlook.com Déi zwëe waarden gespaant op är Geschichten iwwer är Matstudenten an Mat-Friblëtzer! Hu dir eng witzeg Geschicht oder Anekdot iwwert iegendeen? Dann scheckt se per Email! Mer bieden all Mensch, deenen zwëe Geschichten ze schécken, fir dass iwwer vill Leit e flotte Reim kann geschriwwen gin. Daat ganzt wier fier eist…
Mehr erfahren »Schlittschong Fueren
Léiw Memberem, den 17ten Dezember, ier et fier Chrëschtdaag op Letzebuerg geet, gin mer nach engkeier all zesummen Schlittschong fueren. Daat ganzt start em 14h, geet bis 16h30, an ass an der BCF Arena, genau op deem Äis, op deem och Gottéron spillt. Den Friblëtz bezillt Entrée, Schlittschung leinen (3CHF) an Casier lounen (4CHF, kann een zu puer huelen) musst der selwer bezuelen. Wann der also wellt do fueren, wou den Sprunger, Rathgeb, Cervenka, Bykov an ween net nach…
Mehr erfahren »Februar 2018
Ski-Weekend Crans-Montana
Hei ass den Doodle fier sech fier den Ski-weekend vum 23ten bis den 25ten Februar 2018 unzemellen. https://beta.doodle.com/poll/xtwvzye7rk3p3v95 Den Trajet+Hotel+Frühstück kascht ierch 105CHF, d'Buchungen gin iwwert de Friblëtz. Wann der en Auto zu Fribourg hudd an de wellt zur Verfügung stellen, mellt aerch w.e.g. och hei am Doodle mam Auto un. Bezuelt dei 105CHF w.e.g. bis de Schluss vum Joer 2017 op eisen Schwaizer Konto, mat ärem Numm an dem Vermierk: IBAN: CH37 0900 0000 8912 7263 1 BIC:…
Mehr erfahren »März 2018
Après-Ski Party
Den 3. Mäerz 2018 ass et nees esou wäit! De Friblëtz feiert seng traditionnell Après-Ski Party. Mir erwaarden iech ab 16h00, wéi och läscht Joer, am Centre Fries zu Fribourg (Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg). Mir starten mat enger Happy Hour (-1 CHF op all Gedrénks) déi bis 18h00 daueren wärt. Wann der am Ski-Outfit kommt, kritt der och en Wëllkommens-shot offreiert. Den DJ Kiko suergt dafir, dass och garantéiert jiddereen an Après-Ski Stëmmung kënnt! Dat ganzt ass en Intercercle an en oppend Event. Dir…
Mehr erfahren »Swisscup Training
Den 17ten Mäerz geet et op Lausanne fier den alljährlechen Swisscup (Informatiounen fannt der am passenden Event), an dofier musse mer eis natierlech engkeier treffen, fier e bessen ze traineieren. Doweinst lueden mer all Mënsch Samstes den 10ten Mäerz ab 14h an d' Sporthaal Perolles A an, fier zesummen mat eis dei 4 Sportaarten vum Swisscup, nämlech Fussball, Volleyball, Basketball an Unihockey, ze traineieren. Den Doodle fier unzemellen fannt der geschwënn ennert desem Link:
Mehr erfahren »Swisscup zu Lausanne
Swisscup zu Lausanne den 17ten Mäerz. Informatiounen kommen no...
Mehr erfahren »April 2018
Bowling Turneier Vol.2
Bowling Turneier Sondes den 15ten Abrëll em 18h Den ganzen Owend kascht 15CHF pro Persoun (20 fier Net-Mëmberen), domat gin secher 4 Partien gespillt. Et gëtt en lockert Turnéier, an den Gewënner erwaard en flotten Präis. Umellung iwwert desen Link: https://doodle.com/poll/zqbvh9vnv9ft6yww
Mehr erfahren »Beerpong Turnéier Volume 2
2t Beerpong Turnéier den 21ten Abrëll Organisatioun an Reegelen wei am 1ten Semester, Détailer an genauen Spillplang kommen no. Umellung iwwert desen Doodle: https://doodle.com/poll/nvi2stntgmf6bv8r
Mehr erfahren »Mai 2018
Kniddel- a Quizowend um Stammdësch
den 3ten Mee kombineieren mer eisen Stammdësch mat Kniddelen an engem Pubquiz. Hei den Ooflaaf an Kuerzform: - ab 18h Apero an der Presse - 19h bis 20h30: Kniddelen gin zerveiert - 20h30 Start vum Pubquiz Dat ganzt kascht 5CHF fier Memberen an 10CHF fier Net-Memberen. Mellt erch w.e.g. iwwert dësen Link un (vegetaresch an mat Speck ass meiglech): https://doodle.com/poll/xpy9594zfea4sdyq Fier den Pubquiz (Ekippen vun 3-4 Leit) ass d'Umellung sur Place. Wann der net matiesst, mee wellt d'Quiz matmaan, also…
Mehr erfahren »AG an Oofschlossiessen
Eis AG an eist Oofschlussiessen den 17ten Mee (Oppassen neien Datum!!!!) markeiert de Schlus vum Semester fier eis an den Ufank vum neien Comité. Interesseierter vum Comité sollen sech w.e.g. mellen, fier allmeiglech Informatiounen ze kreien an fier dass den neien Comité schon e bessen kann organiseiert gin. Fier d'AG selwer treffen mer eis op der Uni an dann fier d'Owesiessen gi mer all zesummen an den Imprevu. Umellung dofier kennt nach no.
Mehr erfahren »September 2018
Stammdësch
Hei ass den Programm vun eisen Stammdëscher, dei dest Joer all 2t Woch an engem aaneren Café sin an de Recht eben, wei gewinnt am Café de la Presse: Den 20ten September ass eisen eichten Stammdësch, wou mer eis ab 20h an der Presse treffen an em 21h gett et eng Tournée ob de Comité. De Stammdësch ass, besonnesch fir déi Nei zu Fribourg, déi perfekt Geleeënheet, fir aner Letzeboier hei zu Fribourg kennen ze leieren an Froen iwwert d'Liewen…
Mehr erfahren »Memberen Umellung 2018/2019
Léiw Memberen an Interesséierter, dat neit Semester (oder äert eicht zu Fribourg) kennt ëmmer méi no an esou ass et och mam Friblëtz erëm esou wäit. Hei ass den Formulaire, fir iech fir eng Memberskaart fir d'Unisjoer 2018/2019 unzemellen. https://goo.gl/forms/xqCssfnviFud4LZ13 Egal, ob der schon Member waart oder ganz nei sidd, der kennt iech iwwert dësen Formulaire umellen. Detailer fannt der am Formulaire, wann iergendwellech Froen sinn, kennt der déi natierlech ëmmer stellen. Informatiounen iwwert eis eicht Events wäerten an deenen…
Mehr erfahren »Opening Event an Mini Pubrallye
Léiw Memberen, mer hoffen dir hudd all gudd an dat neit Semester gestart a sidd prëtt fier eisen Stammdësch en Donneschten. Hei aawer elo de Programm vun eisem Opening Event den 29ten September em 17h. D'Idee ass, dass mer eis kuerz op der Uni treffen, wou der Informatiounen iwwert de Friblëtz, an ganz wichteg iwwert eis Events (ganz besonnesch den Ski-Weekend) kritt. Well mer em 18h aus der Uni eraus mussen, gi mer dono e bessen duerch d'Staad an…
Mehr erfahren »