September 2016
Friblëtzer Welcome-Owend & Generalversammlung 2016
Dënschdes, de 27. September 2016 start de Friblëtz säi Joer offiziell mat engem Welcome-Owend an der Generalversammlung! Rendez-Vous ass um 18H00 am Sall A230 vun der Faculté des Sciences Economiques et Sociales (SES), Bvd. de Pérolles 90. Dësen Owend dengt dazou, eis nei Studenten ze begréissen, e neie Comité ze wielen, de Programm vum neie Joer e presentéieren, Memberskarten ze verkaafen a sech kennen ze léieren. Natirlech kënn dir hei och är Froen zum Cercle stellen déi mer iech gär beäntverten. No der Versammlung gi mer…
Mehr erfahren »Skiweekend Umellung
Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haaptpunkten hei drënner, fann dier ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och déi w.e.g. duerch. Datum: 24-26 Februar 2017 Skigebiet: Laax Hotel: Riders Palace Käschten: Memberen: CHF 90 Doranner abegraff ass: Schlofen am 5-Bett Zëmmer (ouni Kaffi) Transport am Bus vun Fribourg op Laax Mëllt iech wann ech gelift bis zum 31. Oktober um Doodle un. Nom Delai ass et…
Mehr erfahren »Oktober 2016
Bowling
Moien leiw Memberen, Daat neit Semester huet hoffentlech fier aerch all gudd ugefaangen an et gett Zait fier daat eicht Event vum Fribletz. Also maat aerch de Sonnden den 2ten Oktober prett, fier no enger ustrengender Woch an d'Bowlingsschung ze klammen an an engem lockeren Turneier ze weisen, dass der et faerdegbrengt ee Strike nom aaneren ze treffen. Daat ganzt leeft am Fribowling (Rue Saint-Pierre, 6) em 18h an kascht 10 CHF op de Kapp fier all d'Bowlingspartien. Gedrenks an…
Mehr erfahren »Pubrallye
Moien dir léif Memberen, Eist 2. Event steet firun der Dier. Mir präsenteieren iech den legendären Pubrallye, deen den 14. Oktober 2016 um 18h30 (w.e.g. sierft pünktlech) firun der AG (Ancienne Gare) start. Mir invitéieren iech heimadden op en flotten an gemeinsamen Owend, wou dir derbai och nach d'Staat Fribourg, dei wichtegst Kafféen an är lëtzeboier Kollegen besser kennenléieren kënnt. Hei ass den Link fir den Doodle wou dir iech bis den Mëttwoch den 12. Oktober 2016 bis 19h00 unmellen kënnt.…
Mehr erfahren »November 2016
Daf
Léif Membren, den 5. November 2016 um 14:00 Auer ass et eseu wäit: eis alljährlech Daf fënnt dann statt. Dëst Event ass emmer eng flott Gelegenheet fir en amusanten Dag an Owend ze verbrengen. Mir wellen awer och préziseieren, dass keen zu eppes gezwongen gett. Dat ganzt wärt fir eis Bleuen op der Wiss firum Irish um 14:00 Auer starten. Am Verlaaf vum Daag wärten dei verschidden Aktivitéiten stattfannen an Owes gin mir an den Café Mon Chez Moi fir…
Mehr erfahren »Kniddelenowend am Café de la Presse
Mir verbannen eise Stammdësch mat enger gudder Kniddelfriess! Vun 19h00 bis 22h00 kacht de Comité iech Kniddelen (alternativ mat Speck an enger Specksauce) am Café de la Presse. Den Teller kascht iech 5.- CHF vir Memberen an 10.- vir Net-Memberen. Wann der secher eng Platz wëllt kréien reservéiert iech en Dësch. Rufft dofir direkt am Café de la Presse un: +41 26 422 33 69 Mellt iech w.e.g. och op eisem Facebook-Event vir de Kniddelowend un, vir dass mer kënnen…
Mehr erfahren »Beer-Pong
Leif Memberen, Den 19ten November ass et esouwait, eist Beerpongturneier steet an de Startlächer. Hei dann mol all di wichteg Informatiounen fier eist Turneier dest Joer: Gespillt gett am Centre Fries, Begreissung ass em 16h. Eicht Matcher starten em 16h30 Maximal 32 Ekippen à 2 Persounen. Gespillt gett am EM/WM System, Gruppephase mat 4 Teams an dono KO-Phase De Prais ass 10CHF pro Persoun fierd Turneier. Inclus ass domat d'Organisatioun an all Beier, deen fier d'Matcher consommeiert gett. Em Iessen…
Mehr erfahren »Dezember 2016
Kleeschen
Lo ass et offiziell: De Kleeschen an den Houseker hunn och rëm dëst Joer zougesoot op eis Kleesechersfeier, den 2. Dezember ze kommen! Vir eis Neulingen: déi erangescheckten Geschichten ginn vum Kleeschen an Houseker all Joer zësummer gefaasst an zu engem Gedicht emgeschriwen. Kennt een an enger Geschicht vir, rifft de Kleeschen e bei sech an dréit dëst Gedicht vir. Vir de Schock ze verdauen gëtt uschleissend e gudde Shot gedronk (e keng Angscht de Kleeschen ass e gudde Mensch…
Mehr erfahren »Schlittschong –> OFGESOT!
Leider musse mer Iech matdeelen, dass d’Schlittschong-Event ofgesot ass. D'Äishal ass ausgebucht bzw. Samschdes nëmmen zur Halschend op, wouduerch et immens enk op der Pist gëtt. Mir entschëllegen eis vir d’Ëmstänn a soe Merci vir äert Verständnis!
Mehr erfahren »Tournoi de Noël
Den Tournoi de Noël fënnt dëst Joer Dënschdes den 27. Dezember bis Mëttwochs den 28. Dezember 2016 statt. Et gëtt Volleyball, Basketball a Fussball gespillt. Wéi all Joer gëtt och dëst Joer den Tournoi de Noël vun der ACEL organiséiert. Dësen fennt dëst Joer den 27. an 28. Dezember um Geesseknäppchen statt. Um Tournoi moossen sech déi verschidde Lëtzbuerger Cercle an 3 Sportaarten géint eneen. Wéi gewinnt gëtt um éischten Daag Volleyball a Basket gespillt an um zweeten Daag sin Fussballspiller drun. Hei fannt…
Mehr erfahren »Februar 2017
Skiweekend
An dësem Dokument fann der déi lescht wichteg Detail (Départ zu Fribourg, RV vir Restaurant, etc.) vir eise Skiweekend zu Laax. W.e.g. lued Iech dëst all erof a liest et gudd duerch. Bei Froen, zeckt net dem Comité direkt ze schreiwen. LAAX_Programm_Details Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haptpunkten direkt hei drënner, fann dir ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och…
Mehr erfahren »März 2017
Après-Ski
Den 4. Mäerz 2017 ass et nees esou wäit! De Friblëtz feiert seng traditionnell Après-Ski Party. Mir erwaarden iech ab 16h00, wéi och läscht Joer, am Centre Fries zu Fribourg (Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg). Mir starten mat enger Happy Hour (-1 CHF op all Gedrénks) déi bis 17h00 daueren wärt. Vir den Honger stellen mir Iech e grousse Grill zur Verfügung. Dir musst awer äert Iessen selwer matbrengen. Den DJ Kiko suergt dafir, dass och garantéiert jiddereen an Après-Ski Stëmmung kënnt! Dat ganzt…
Mehr erfahren »Friblëtz-Jacketten Bestellung
Mir hunn eis dazou entschloss dëst Joer nei Jacketten vir eise Cercle ze maachen. D'Jacketten sin aus 100% Bio-Kotteng aus nohaltegem Ubau an gi vun enger Lëtzebuerger Entreprise, "Sentinel City" vir eis gedréckt. Den Design, den hannen op de Reck vun de Jaquette kënnt, ass vum Julie Meisch entworf a kombinéiert de Lëtzebuerger roude Léif mam Tuerm vun der Kathedral vun Fribourg an mam Draach vu Gottéron Hei um Doodle kënn ab elo är Jackett bestellen. Vir d'Gréissten kuckt w.e.g.…
Mehr erfahren »Bouneschlupp
Den 14. März kacht de Comité Iech erem am Centre Fries eng gutt Bouneschlupp. Dir sidd allenguerten ab 19h00 herzlesch wëllkomm an dat ganzt kascht ronn 6.- CHF, Gedrenks ass net mat abegraff. Den Comité freet sech iwert judderen den eng Hand mat unpacken kommen well. Vir déi Leit dei gearen helefen kommen, kennen ab 15h00 kommen an kréien hiert iesen och fir neicht. Dëst Event ass net nemmen fir't Letzebuerger, mais fir juddereen ob.
Mehr erfahren »April 2017
Swisscup
Den 1. Abrëll as et erëm esou wäit! Um Swisscup moosse mer eis géint den LSZ an den AELL an de Disciplinnen: Fussball, Volleyball, Basketball an Fraen-Unihockey (falls genuch Leit). Ab elo kënn der Iech vir déi verschidde Sportarten umellen. Délais ass den 27. Mäerz um 08h00: Doodle - Swisscup (Ekippen) WICHTEG: WANN DER MATSPILLT AN NACH KEEN SWISSCUP-TRIKOT HUTT MUSS DER IECH DEN ESOU SEIER EWEI MEIGLECH IWERT EISE FRISHOP BESTELLEN: LINK FRISHOP RECHENT MAT 7 DEEG VIR D'LIWERUNG.…
Mehr erfahren »Friblëtz meets Luxembourg
Wéi gewinnt am 2. Semester, organiséieren mir erëm een Event zu Lëtzebuerg. Vue dass den Dean seng Dieren zougemach huet, feieren mer dës Kéier den 21. Abrëll am M Club zu Hollerëch! Friblëtz meets Luxembourg ass eng super Geleeënheet vir een onvergiesslegen Owend zësummen mat senge Lëtzebuerger a Fribourger Kollegen ze erliewen! D'Event ass op vir jiddereen. Profitéiert also an lued är Kollegen an! Kenn der Lycée-Schüler déi un engem Studium zu Fribourg interesséiert sinn? Lued se an an bitt hinnen d'Chance…
Mehr erfahren »Mai 2017
Quiz- & Kniddelowend
Eise Quiz-a Kniddelowend steet virun der Dier. Et ass eist läscht Event virun der AG an Ofschlossfeier. Rendez-Vous ass de 4. Mee am Café de la Presse. Lass geet et um 19:00h mat den Kniddelen. Kichen ass bis 21h00 op. Mir servéieren eng Variant mat Speck an eng Variant ouni Fleesch fir eis vegetaresch Memberen. Den Teller kascht 5CHF fir Memberen an 10 CHF fir net Memberen. Den Quiz selwer fänkt um 20:30h un an ass integral an der Presse. Gespillt gëtt (min.)…
Mehr erfahren »Assemblée Générale Extraordinaire, Ofschlossfeier & Jacketten
Eist lescht Event ass an 3 Deeler gedeelt. Alles fënnt am Centre Fries statt: AG extraordianaire Friblëtz-Jacketten Ofschlossfeier 1. AG extraordinaire: Heimat invitéiert de Friblëtz-Comité Iech häerzlech op seng Assemblée Générale extraordinaire, den 13. Mee 2017 um 18h00 am groussen Iesssall vum Centre Fries, Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg. Mir géingen eis freeën all eis Memberen op dësem, vir de Fortbestand vum Cercle wichtegen Event begréissen ze kënnen. Mellt Iech op dësem Doodle vir d'AG un. Wann der eréicht méi spéit…
Mehr erfahren »