Mai 2014
Ofschlossfeier 2014
E méi oder wéineger bekannte Mann sot eng Kéier: "Alles hat ein Ende nur die Wurst hat 2!" Leider zielt dëst och vir eis Friblëtz-Akiviéiten! Vir déi meescht Membere stinn d'Exame virun der Dier, an dofir wëlle mer de Samschden de 17. Mee eist d'Joer ofschléissen. Dat maache mer mat engem klenge Foto-Owend an engem Ofschlossiessen. De Programm gesäit sou aus: 16h30: Rendez-vous op der Universitéit Pérolles am Sall A230 vir d'Fotoshow 17h30: Maan mer eis op de Wee fir bei d'Sarine, wou mer grillen.Vir dass dat gutt klappt, wär et fein wann der en Grill kéint matbrénge wann…
Mehr erfahren »Juni 2014
Nationalfeierdag @ Bern
Den Samschden, den 21. Juni feiren mer rem (e bessen verfreit) zu Bern beim Lëtzeboier Ambassadeur Nationalfeierdaag! Rendez-Vous ass zu Bern, dat heescht vir den Transport muss jiddereen vir sech kucken. Et gett en Service Religieux gehaalen, mee dir kennt natiirlech och direkt bei den Amabassadeur goen. Et gëtt wei emmer gratis ze drenken an Ziessen. Hei as den Ooflaf mat den Auerzäiten: Service Religieux as um 18h30 an der Bruder Klaus Kirche (Ostring 1, Bern); D'Feier as ab 19h30 beim Ambassadeur (Thunplatz 52,…
Mehr erfahren »Juli 2014
ACEL’s Studentenbal
Vakanz, fir dei eng ass se schon do, fir dei aaner kennt se gleich. An wei der all wesst ass am Ufank vun der Summervakanz och emmer den traditionellen Studentenbal vun der ACEL. Mir hunn do wei all Joer een Stand zesummen mat Lausanne an breichten äer Hellef. Et ginn Leit beim Montage an beim Demontage gebraucht genau sou wei um Bal selwer op eisem Stand an an den Entrees an Bongenkeesen. Dofir wieren mir ganz frou wann dir eis…
Mehr erfahren »August 2014
Demande Cedies
Ab dem 1. August kenn der de Formulaire vir d'Aide financière beim Cedies eroflueden an ausfëllen. Den Delais vir Demande eran ze schecken as den 3o. November 2014. Vir weider Detailer zur reformeierter Aide financières ass hei d'Brochür vum Cedies: Brochure Cedies Op desem Link kënn der ausrechnen weivill Bourse a Prêt der kënnt kreien: Aide financière - Calculator
Mehr erfahren »September 2014
Beginn Vorlesungen HS 2014
Beginn Vorlesungen HS 2014 Empfangstag für StudienanfängerInnen: Theologische, Philosophische, Rechtswissenschaftliche, Wirtschafts- und Sozialwissenschaftliche Fakultät
Mehr erfahren »Assemblée générale 2014/2015
Wéi gewéinlech ass eis éischt offiziell Aktivitéit rëm d'Assemblée générale.
D'AG ass den 30. September 2014 um 20:00 Auer am Gebai vun der Pérolles 2 (Bd de Pérolles 90) am Sall A230.
Oktober 2014
Skiweekend… Gstaad oder Grindelwald?
Léiw Memberen, De neie Comité huet sech gëschter eng 1. Kéier zesumme gesat (de Rapport kënnt nach no). Dobäi ass e Problem opgetrueden: mir kënnen eis net decidéiere wou mer eisen alljährleche Skiweekend solle verbréngen, well se gläich gut sin! Dofir froe mir lo iech, eis geschätzte Memberen, dass der eis hëlleft an um Doodle ofstëmmt: Doodle - Grindelwald/Gstaad Den Delais vir d'Ofstëmmung ass den 5. Oktober 2014 um 8:00 Auer! Zur Auswiel sti Grindelwald oder Gstaad. Hei sinn d’Fakten zu den 2 Schigebitter: Zu Gstaad,…
Mehr erfahren »Daaf 2014
Den Samschden de 4. Oktober um 14h fënnt eis alljährlech Daf statt! Eng super Geleeënheet vir e gudden Dag ze verbréngen. Bei der Daf ginn eis Bleuen an de Cercle agefouert. Natierlech gëtt keen dozou gezwongen, mee et ass all Joer eng super Geleeënheet e gudden Dag ze verbréngen an nei Leit kennen ze leieren! Dofir loosst iech dat net entgoen! 🙂 No der Daf gëtt natiirlech och nach de Roi a Reine des Bleus ernannt an et gëtt gutt gefeiert! Aus organisatoreschen Grënn wier et gutt wann dir iech esou schnell wei méiglech umellen géift, am beschten bis Ufank nächster Woch! De Link vir sech unzemellen fann…
Mehr erfahren »Kulturvisit an der Mines de Sel zu Bex
Den 18. Oktober gi mer d'Salzminn zu Bex kucken! Mir starten um 13:15 Auer beim Irish, Retour ass um ongeféier 18:00 Auer. Mir kënne maximal 20 Leit mathuelen. Am beschte wär et mam Auto ze fuere well d'Minn as relativ schwéier mam ëffentlechen Transport ze erreechen. De Comité bezilt de Benzin! Dir hud bis nächsten Donneschden 8:00 Auer Zäit vir iech unzemellen. Déi éischt 20 sinn natierlech vir! 😉 Hei ass de Link vir den Doodle: Doodle - Mines de Sel Bex --> An der Minn…
Mehr erfahren »November 2014
2. Friblëtz Beerpong-Tournoi
Eist nächst Friblëtz Event kënnt ëmmer méi no! Vir de Samschden, den 8. November 2014 steet eise Beerpong-Tournoi um Programm! Rendez-Vous ass um 19:30 Auer am Centre Fries. Gespillt gëtt ëmmer 2 géint 2. Dobäi zielen déi allgemeng gülteg Reegele vir de Beerpong (eng Lëscht mat de Reegele kënnt nach no!). D'Gewënner erwaard e super Präis. Wichteg ze soen ass nach: Et gëtt logescherweis NËMMEN mat Béier gespillt! Mëllt iech hei um Doodle an 2er Teams un: Link - Doodle Beerpong w.e.g. nom folgende Modell: Numm, Virnumm +…
Mehr erfahren »1. Swisscuptraining
Bis de Swisscup dauert et nach e bëssen... trotzdem treffe mer eis de Samschden, den 22. November an der Sportshal vun der Uni Pérolles fir e bëssen ze schweessen! Rendez-Vous ass um 14:00 Auer an um 17:00 Auer musse mer rëm dobausse sinn. Duschen a Vestiairë sinn an der Hal sou wéi och d'Material. Mir hunn déi 2 Halen zur Verfügung! Fir dass awer keen de ganze Samschden Nomëtten an der Hal muss verbréngen, hu mer dëst Joer e Programm opgesat: 14:00 -…
Mehr erfahren »Friblëtz Plovere bestellen
Vun der Friblëtz-Plover-Front gëtt et eng schlecht an eng gutt Noriicht: dat mat de virgestallte Plovere klappt leider net, mee glécklecherweis hu mer neier fonnt. Déi nei gesinn sou aus: De Plover ass unisex an et ginn 2 Faarwen: roud a blo. De neie Präis ass CHF 25.- . Leider kënne mer iwwer déi Firma wou mer bestelle keng Ploveren vir unzeprobéieren bestellen. Dofir hu mer e Bild bäigefügt op dem d'Gréissten beschriwe sinn. --> Bestellt äre Plover oder är Ploveren lo hei um Doodle: Doodle -…
Mehr erfahren »Chrëchtmaart zu Montreux
Den 29. November gin mer wei all Joer ob Montreux ob den Chreschtmaart. Rendez-Vous ass um 16:00 beim Irish. Vun do aus fueren mer dann all zesummen ob Montreux. Um Chreschtmaart gin mer dann och, fir dei wou wellen, eng Kéisfondue iessen. Den Restaurant ass fir 30 Léit um 19:00 Auer reserveiert. Deen eischten ass also fir 😉 Umellen kenn der Ierch wei gewinnt um Doodle: Doodle - Chrëchtmaart @ Montreux Den Délai fir sech unzemellen ass bis den 22. November um 00:00 Den Comité iwwerhellt d’Keschten fir den Benzin!
Mehr erfahren »Dezember 2014
Kleeschen 2014
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen …! Den 12. Dezember ass et rëm esou weit: de Kleesche kennt (bësse verspéit) ob Fribourg. Ier de Kleeschen kennt, gi mer an de Restaurant aux Tanneurs (7, Place du Petit-Saint-Jean) iessen. Rendez-Vous ass um 19:00 Auer am restaurant. Et gëtt Fleeschfondue fir 30 CHF.- (Gedrénks net inclu!). Natierlech hu mer och un eis Vegetarier geduet: Fir si gëtt et eng "Salade mêlée" an dono "Risotto au vin rouge" mat enger "Bourse de légumes sur une mousse de carottes" fir 21 CHF.-...klengt net nëmme gutt, mee ass et och! 😉 Et ass fir 50 Leit reservéiert,…
Mehr erfahren »Tournoi de Noël
Och rëm dëst Joer organiséiert d'ACEL zesumme mat der LASEL hiren traditionellen Tournoi de Noël. Dëse fënnt Méindes den 22. an Dënschdes den 23. Dezember 2014 an de Sportshale vum Campus Geesseknäppchen statt. Méindes steet Volleyball a Basketball um Programm. Dënschdes steet ganz am Zeeche vum Fussball. Hei sinn eemol déi wichtegst Punkten zum Tournoi resüméiert: Nëmmen ageschriwwe Studenten dierfen um Tournoi deelhuelen; All Cercle dierf nëmmen ENG Equipe pro Disziplin stellen; D’Aschreiwungsgebühr pro Equipe ass 30,00 EUR (d'Käschte gi vum Comité iwwerholl!); Beim Volleyball musse während de ganze Matcher ëmmer opmannst…
Mehr erfahren »Januar 2015
Swisscup T-Shirten
De Swisscup kennt ëmmer méi no. Dofir kenn der ab elo och är Swisscup T-Shirte bestellen! Wann der vir hutt beim Tournoi matzemaachen an dir hutt nach keen T-Shirt muss der ee kafen, well se si gläichzäiteg eis Trikoten! Natierlech däerf awer jiddereen en T-Shirt bestellen. De Präis läit bei 21, 50 Euro. Well mer awer a Grousser Quantitéit bestelle kréie mer eventuell nach eng Reduktioun! Délais ass den 1. Februar! Bestellt elo hei um Doodle: Doodle - Swisscup T-Shirt Gréissten Männer: Gréisst S M L XL…
Mehr erfahren »