Fraizäit

Wann dir iech fir Fribourg entscheet, kann ech iech garantéieren, dass iech net sou séier langweileg gëtt. D’Stad huet vill ze bidden, egal ob dir Natur, Stadliewen oder Sport gären hutt.

Am Summer ass Fribourg déi perfekte Plaz fir Outdoor-Aktivitéiten. Dir kënnt Wanderungen an déi schéi Bierger vun de Fribourger Alpen maachen, mam Vëlo d’Regioun entdecken, déi wonnerschéin Séien ëm Fribourg genéissen an nach villes méi.

Am Wanter ass et net wäit bis an déi nächst Skigebidder. Schwarzsee, Grindelwald, Leysin oder Villars-sur-Ollon si séier erreechbar, egal ob dir Ski fueren, Snowboarden oder mam Schlitt ënnerwee sidd.

No engem laangen Dag op der Uni ginn et vill Méiglechkeeten, Zäit mat Frënn an der Stad ze verbréngen an nei Plazen z’entdecken. Souwuel an der Alstad wéi och am Zentrum vun der Stad fannt dir flott Ecken, fir ze relaxen. Owes kënnt dir d’Schwäizer Kichen genéissen an den Owend mat Frënn an engem vun de gemittleche Caféen ausklénge loossen.

Och sportlech gesinn huet Fribourg vill ze bidden. Souwuel am Äishockey wéi och am Basket ass d’Stad staark vertrueden. Am Äishockey steet Fribourg-Gottéron fir Leidenschaft an Emotionen. Och wann dat eng Sportart ass, déi dir bis elo vläicht nach net vill verfollegt hutt, lount et sech definitiv, eng Kéier déi fantastescher Atmosphär vun der BCF Arena matzeerliewen. Mat bis zu 9.000 Spectateuren ass Gottéron live ze supportéieren e richtegt Erliefnis.

Och am Basket gehéiert Fribourg Olympic, souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen, zu den Top-Equippen an der Schwäiz. Fribourg Olympic huet schonn 22 Mol d’Schwäizer Meeschterschaft gewonnen an 2022 esouguer de Quadruple erreecht.