E méi oder wéineger bekannte Mann sot eng Kéier: “Alles hat ein Ende nur die Wurst hat 2!”
Leider zielt dëst och vir eis Friblëtz-Akiviéiten! Vir déi meescht Membere stinn d’Exame virun der Dier, an dofir wëlle mer de Samschden de 17. Mee eist d’Joer ofschléissen. Dat maache mer mat engem klenge Foto-Owend an engem Ofschlossiessen.
De Programm gesäit sou aus:
- 16h30: Rendez-vous op der Universitéit Pérolles am Sall A230 vir d’Fotoshow
- 17h30: Maan mer eis op de Wee fir bei d’Sarine, wou mer grillen.Vir dass dat gutt klappt, wär et fein wann der en Grill kéint matbrénge wann der een hutt! De Comité huet och decidéiert d’Gegrills ze bezuelen (Vir d’Vegetarier gëtt och gesuergt!).
- Bei schlechtem Wieder, gi mer natierlech net grille mee an e Restaurant iessen. Well d’Iessen do awer méi deier gëtt leet de Comité an deem Fall nëmmen en Deel bäi!
- Duerno kann ee natiirlech weider Party maache goen.
Mellt iech lo um Doodle vir déi verschidden Optiounen un: Doodle Link-Ofschlossfeier. Den Delais ass dësen Donneschden, den 15. Mee
Opgrond vum schlechte Wieder gi mer warscheinlech an den Vapiano vir 19:00 iessen!
http://www.youtube.com/watch?v=r8PPYNxhLCU
Video-Quelle: www.youtube.com