Den 5. Abrëll ass et endlech souwäit.
Den Swisscup steet um Programm, en Sportstournoi bei dem mir weisen dierfen wei gutt mir am Basket, Fussball an Volleyball sinn.
Mir trieden geingt d’Cerclen vun Zürich, Lausanne an St. Gallen un an probéieren natierlech Coupen ze gewannen.
Dir kennt iech fir all d’Sportaarten oder och nëmmen fir 2 oder 1 umellen. Déi déi keen Sport wëllen maachen sinn häerzlech invitéiert eis Sportler ënnerstëtzen ze kommen!
Fir Mëttegiessen am Imprévu kenn dir iech dann och gär umellen 🙂